Pixar presentéiert mat Onward säin neien Animatiounsfilm fir déi ganz Famill.
Toy Story, Monster AG, Findet Nemo, Ratatouille oder och Wall-E. Fënnef Kultfilmer, déi op der ganzer Welt erfollegräich waren. Et si just e puer Beispiller aus dem Repertoire vu Pixar.
Mat Onward bréngt d'Duerchter-Entreprise vun Disney elo e neien Animatiounsfilm an de Kino.
Den Ian an de Barley sinn zwee Teenager, déi an enger Fantasy-Welt wunnen. Déi zwee Bridder, déi ënnerschiddlecher net kéinte sinn, sinn ouni Pap opgewuess. Vun hirer Mam kréien si op hirem 16. Gebuertsdag e geheimnisvolle Kaddo geschenkt. En Zauberstaf, dee kapabel ass, hire verstuerwene Pap fir een Dag zréckzebréngen. Esouwäit an der Theorie well wärend dem Zauber geet esou munches schif, esou dass de Pap zwar zréckkënnt, ma ouni Uewerkierper. Sou maachen d'Bridder sech op d'Sich no enger Léisung fir och nach de Rescht vum Kierper zeréck ze kréien an erliewen zesummen eng abenteuerlech Rees!
Onward spigelt op der enger Säit eis modern Gesellschaft erëm. D’Fantasy-Welt an hir Bewunner ginn nämlech ëmmer méi vun der Digitaliséierung beaflosst. An do läit de Kritiker no de Problem. Mat der Magie, déi verschidden aner Pixar-Filmer vermëttelt hunn, huet Onward net vill ze dinn. Do wier definitiv nach Loft no uewen.
Ma wéi een et vun Disney gewinnt ass, bleift de Film witzeg, beweegend an häerzerwiermend . Et ass eng Geschicht iwwer d’Erwuesse ginn an d’Bridderlechkeet.
Verschidde Kritiker gesinn de Film esouguer als eng Aart Frozen fir Jongen.
Famille mat Kanner kënne mir de Film op alle Fall un d'Häerz leeën.