© Youtube Screenshot
Och den James Bond kann naischt géint de Coronavirus maachen.
De Start vum neien James Bond Film gëtt verréckelt. Wéi d’Produzenten op Twitter matdeelen, gëtt de Start no "laanger Iwwerleeung a grëndlecher Bewäertung vum weltwäite Kinosmarché" op November 2020 verluecht. Domat hofft een, dass den ëmmer méi wichtegen asiatesche Kinosmarché sech bis dohin erholl huet. Zënter dem Ausbroch vum Coronavirus sinn d'Gewënner nämlech massiv agebrach. U sech sollt de Film „No time to die“, Ufank Abrëll ulafen.
De Film wäert a Groussbritannien den 12. November 2020 an an den USA de 25. November 2020 ulafen.