Eldoradio sicht Freelance-Animateuren (m/w)

Aufgab:
- Zesummestellen a Moderéiere vu Sendungen

Viraussetzung:
- Dynamesch, flexibel a spontan
- Groussen Interessi un der Musek an der Aktualitéit a Gesellschaft
- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch

Dat bidde mir:
- Interessant an dagesaktuell Themen déi och déi eege Kreativitéit fuerderen
- Ofwiesslungsräich Aufgaben
- Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer
- Individuell Asazzäiten


ELDORADIO
FREELANCE-ANIMATEUR
43, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG

Fills du dech ugesprach an hues besonnesch Weekends Zäit? Da mell dech bei eis a gëff Eldo-Animateur! Mir freeën eis iwwer all Demande (am léifsten akustesch) mat CV a Lettre de Motivation ob jobs@eldoradio.lu


Eldoradio sicht Freelance-Newsredakter (m/w)

Aufgab:
- Redaktioun a Presentatioun vun den Eldo News

Viraussetzung:
- Groussen Interessi un der nationaler Aktualitéit an der Gesellschaft
- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
- Flexibilitéit a Spontanitéit
- Journalistesch Ausbildung an/oder redaktionell Erfarung ass vu Virdeel

Dat bidde mir:
- Interessant an dagesaktuell Themen déi och déi eegen Kreativitéit fuerderen
- Ofwiesslungsräich Aufgaben
- Méiglechkeet a Kontakter fir bei verschiddenen Themen ze recherchéieren an nozefroen
- Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer
- Individuell Asazzäiten


ELDORADIO
FREELANCE-NEWSREDAKTER
43, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG

Mir freeën eis iwwer all Demande (am léifsten akustesch) mat CV a Lettre de Motivation ob jobs@eldoradio.lu


Eldoradio sicht Freelance Online-Redakteren (m/w)

Aufgab:
- Recherchéiere vun Themen an d’Verfaasse vun Artikelen zu Beräicher, déi ee selwer interesséieren
- Zesummestelle vu Contenuen: schrëftlech, visuell an och auditiv méiglech

Viraussetzung:
- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
- En Computer oder Tablett mat Internetzougang
- Flexibilitéit a Spontanitéit

Dat bidde mir:
- Méiglechkeet a Kontakter fir bei verschiddenen Themen ze recherchéieren an nozefroen
- Individuell a flexibel Asazzäiten, déi zesummen ausgeschafft ginn
- Schaffe vun doheem aus, zu den Zäiten, déi engem passen, mat den Themen déi een interesséieren
- Eng Gage
- Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer tëschent 15 a 34 Joer


Fills du dech ugesprach an hues Interessi a Spaass um Schreiwen? Da mell dech bei eis a gëff Eldo-Online-Redakter!
Mir freeën eis iwwer all Demande (am léifste mat 2 Beispillsartikelen) mat CV ob jobs@eldoradio.lu


Eldoradio sicht Pub-Stëmmen (m/w)

Aufgab:
- D'Schwätze vu kommerzielle Spotten op Eldoradio

Viraussetzung:
- Eng flott a sympathesch Stëmm
- Flexibel sinn

Dat bidde mir:
- Aktiv Mataarbecht bei der Produktioun vu Publicitéiten
- Eng kleng Gage
- Individuell Asazzäiten


ELDORADIO
FREELANCE-KORRESPONDENTEN
43, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG

Interesséiert? Da mellt iech per Mail op jobs@eldoradio.lu


Stage (Praktikum) bei Eldoradio?

Dir hutt Loscht a sidd motivéiert fir e Stage bei Eldoradio ze maachen?

Probéiert äert Gléck a schéckt eis ären CV an är Lettre de Motivation op jobs@eldoradio.lu oder per Post un:


ELDORADIO
STAGE
43, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG


Wéi wier et als Eldoradio Nightlife Hobby-Fotograf?

Dir sidd Hobby-Fotograf(in), éiweg um Tour a maacht gäre Fotoen aus dem Nuetsliewen?
Da schreift eis eng E-Mail mat Ären Donéeën u photos@eldoradio.lu a gitt fräiwëllegen Eldoradio-Fotograf!