Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Am Film Babylon stinn de Brad Pitt an d'Margot Robbie an den Haptrollen. De Film spillt zu Los Angeles an den 1920er Joren erzielt d’Geschicht wéi Hollywood deemools entstanen ass. Et war eng Zäit voller Dekadenz an extravagante Partyen. Mat der Grënnung vun Hollywood si verschidde Leit ganz un d’Spëtzt geklommen, anerer si par contre déif gefall.

Den Jason Statham verkierpert meeschtens en knallhaarden Action-Held. Dir kënnt en ënnert anerem duerch seng Rollen an der Transporter-Franchise. Am selwechte Stil ass dann och de Blockbuster Operation Fortune. Den Haaptpersonnage ass en Agent vum MI6, deen en aflossräiche Waffenhändler stoppe muss. Hëllef kritt hien bei dëser Missioun vun Experte vun der CIA an engem Schauspiller. Dëse soll de Waffenhändler nämlech mat sengem Talent manipuléieren a säi Vertrauen gewannen.

E méi liichte Kascht liwwert dann de Film Les Cyclades. D’Blandine an d’Magalie waren als Teenager bescht Frëndinnen. Iergendwann hunn si sech awer aus den Ae verluer bis si sech enges Daags duerch Zoufall erëmgesinn an decidéieren, a Griicheland ze fléien. Et ass eng Rees, déi si nach ëmmer eng Kéier maache wollten. Séier kristalliséiert sech awer eraus, dass béid Frae mëttlerweil grondverschidde sinn.