
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Romeo & Julia, eng Geschicht iwwer eng verbuede Léift, déi och haut nach Jidderee kennt. Eng modern Adaptatioun dovunner ass 16 Ans, eisen Eldoradio Film vun der Woch. D’Nora an de Léo sinn zwee Teenager vu 16 Joer, déi sech an der Schoul kenneléieren an du verléiwen. Hir Bezéiung kritt allerdéngs Steng an d’Weeër geluecht well hier Famillen alle béid mat dëser Relatioun net averstane sinn.
Virun e puer Méint ass Ticket To Paradise mam George Clooney a Julia Roberts am Kino gelaf. Wiem de Film deemools gefall huet, deem leeën ech de neie Blockbuster Shotgun Wedding un d’Häerz. Et handelt sech ëm eng Comedy mam Jennifer Lopez. Den Tom an t’Darcy wëllen sech bestueden an d’Hochzäit gëtt vun hire Famillen op enger ofgeleeëner, paradisescher Insel geplangt. Wat awer kee weess, dës Insel gëtt vu Piraten als Stopp benotzt. Nodeems sämtlech Hochzäitsgäscht als Geisel geholl ginn, muss d’Koppel agräifen.
Fir Famillen ass dës Woch och nach Die 3 Fragezeichen an de Kino komm. Mat hirer neister Aventure Erbe des Drachen fannen déi dräi Detektiven hire Wee nees zréck op de groussen Ecran. Hei mussen si e mysteriéise Fall an engem ale Schlass a Rumänien léisen.