
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Wir befinden uns im Jahre 50 v.Chr. Ganz Gallien ist von den Römern besetzt... Ganz Gallien? Nein! Ein von unbeugsamen Galliern bevölkertes Dorf hört nicht auf, dem Eindringling Widerstand zu leisten.
Dësen Intro misst denken ech vu Jidderengem erkannt ginn. Esou fänkt nämlech zanter Joerzéngten all Geschicht ronderëm den Asterix&Obelix un. Déi zwee Gallier sinn elo erëm zréck um groussen Ecran. Hir neisten Aventure heescht L'empire du milieu. No engem Putsch a China flücht déi jonk Prinzessin Fu-Yi a Gallien fir den Asterix, den Obelix an hire mageschen Zaubertrank ëm Hëllef ze froen. Esou briechen si op fir China an déi keeserlech Famill ze retten. Ma wéi wann dat net schonn en Challenge fir sech wier, brécht och nach de Julius Cäsar a Richtung China op fir d’Land ze eroberen.
Alternativ ass dës Woch och nach de Mystery-Thriller Knock At The Cabin mam Dave Bautista an dem Rupert Grint an de Kino komm. Et ass eisen Eldoradio Film vun der Woch. De Plang war et amfong an engem ofgeleeëne Chalet matzen an der Natur eng Vakanz ze verbréngen. Dësen Dram gëtt fir eng Famill allerdéngs op d’Kopp geheit wéi bemol véier Friemer virun hirer Dier stinn an si als Geisel huelen. Domadder net genuch, si verlaange vun der Famill eng onméiglech Decisioun. Entweder gëtt ee vun hinne geopfert, oder d’Äerd steet virun der nächster Apocalypse.