
© Youtube
Dir hutt Loscht op Kino, wësst awer net wéi eng Filmer aktuell lafen? Liest hei alles iwwer dem Massimo seng Tipps.
Dës Woch si weider nei Blockbuster an de Kino komm. Trotzdeem bitt déi aktuell Programmatioun genuch Choix fir deen een oder anere Filmowend.
En éischten Tipp ass mäi ganz perséinleche Kino-Highlight aus dem Joer 2022. Avatar The Way of Water vum James Cameron. An och wann déi 3h a 15min kënnen ofschrecken, dëse Film wëll een op kee Fall verpassen. Esoulaang en nach am Kino leeft, sollt ee profitéieren.
Wien de Film scho gesinn huet, fir dee ginn et nach e puer Alternativen. Fir Famille lount sech zum Beispill de neien Disney Film Avalonia – Strange World. Donieft nach Der Räuber Hotzenplotz oder och Der Gestiefelte Kater 2.
Wien Fan vu Bohemian Rhapsody oder Rocketman war, deem leeë mir de Biopic I Wanna Dance With Somebody un d’Häerz. Et ass d’Liewensgeschicht vun enger vun de gréisste Stëmmen an der Museksgeschicht, dem Whitney Houston.
Zu gudder Lescht leeft aktuell nach déi franséisch Produktioun Tiraillerus mam Omar Sy. Et ass d’Geschicht vu Pap a Jong, déi zwangsrekrutéiert am éischte Weltkrich probéieren ze iwwerliewen.