
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
2012 an 2015 hunn d'Filmer Magic Mike an Magic Mike XXL ageschloe wéi eng Bomm! Elo ass den Channing Tatum dann endlech zréck! Magic Mike’s Last Dance, den Ofschloss vun der Trilogie. Am Film kritt de Mike Lane d’Méiglechkeet op London ze plënneren an do eng nei grouss Striptease-Show op d’Been ze stellen.
Titanic vum James Cameron steet bis haut op Plaz dräi vun den erfollegräichste Filmer vun allen Zäiten. Fir de 25te Jubiläum kënnt de Blockbuster mam Leonardo Di Caprio an Kate Winslet erëm zréck an de Kino. Dat och als 3D an 4DX.
Famille leeën ech dann den Animatiounsfilm Pattie et la Colère de Poseidon un d’Häerz. Am anticke Griicheland bauen d’Awunner vun enger Stad dem Zeus eng riseg Statu. Voller Roserei a Jalousie stellt de Poseidon der Stad en Ultimatum. Entweder hie kritt genee esou eng Statu oder et gi Konsequenzen.
Zu gudder Lescht: Zodi & Tehu, Frères du Désert
Den Zodi adoptéiert als klénge Jong d’Kaméil Tehu. Wéi dëst soll verkaaft ginn, gesäit den Zodi just een Auswee. Hien wëll mat sengem Kaméil déi gréisste Kaméil-Course vun der Welt zu Abu Dhabi gewannen.