
© Marvel Studios
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Dës Woch kënnt de mëttlerweil 31ten Film aus dem Marvel Cinematic Universe an de Kino. Ant-Man and The Wasp: Quantumania ass eisen Eldoradio Film vun der Woch. An nodeems hien am Laf vun de leschte Jore schonn an enger Rëtsch Marvel-Filmer ze gesi war, kritt de Superheld endlech no fënnef Joer d'Fortsetzung vu sengem Solofilm. An den Haaptrolle sinn de Paul Rudd (Scott Lang/Ant-Man), d'Evangeline Lilly (Hopy van Dyne/Wasp) an de Jonathan Majors (Nathaniel Richards/Kang, der Eroberer) ze gesinn. Am Film gi mir dann och méi iwwer de Kang gewuer, deen am Laf vun de nächste Joren zum nächsten ultimative Béisewiicht entwéckelt soll ginn.
Eisen nächsten Tipp ass definitiv Näischt fir Leit mat Fluchangscht. Plane erzielt d'Geschicht vum Brodie Torrance. Hien ass Pilot an eigentlech e ganz normalen Typ. Wéi hie säi Fliger awer wéinst engem Stuerm noutlande muss, lant hien an engem Gebitt an deem hien a seng Passagéier ëm hiert Liewe musse kämpfen. Och wann ee genee weess, wat een hei erwaart, Plane ass e gudden Actionfilm a richteg coole Popcorn-Kino. Mat dobäi ass de Gerard Butler.
Ech wëll Iech mam nächste Film wierklech keen Trauma maachen, mee Oppassen! De Winnie The Pooh ass zréck an zwar mat all senge Kolleegen. Déi sinn allerdéngs alles anescht wéi frou doriwwer, dass de Christopher Robin se enges Daags einfach lénks leie gelooss huet. Blood And Honey ass en Horrorfilm an dat net ze knapps.