Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Och wann ee net all Woch an de Kino geet, misst engem de Numm Steven Spielberg e Begrëff sinn. Hien ass mat ee vun de bekanntsten an erfollegräichste Regisseure vun allen Zäiten. Seng Liewensgeschicht kënnt elo an de Kino, et ass eisen Eldoradio Film vun der Woch. The Fabelmans erzielt d’Geschicht vum klenge Sammy. Wéi hie mat sengen Elteren an de Kino geet, entdeckt hien seng Léift zum Film. Hien keeft sech doropshin seng éischt Kamera a fänkt un, eege Saachen ze dréinen. Säin Dram ass et, Regisseur ze ginn an dee gëtt virun allem vu senger Mam ënnerstëtzt. The Fabelmans war net just grousse Gewënner bei de Golden Globes, ma zielt och zu de Favoritte bei den Oscars.

Eisen nächste Filmtipp ass definitiv bizar, fir net ze soen, komplett bescheuert. An nodeems ech den Trailer gesinn hunn, hunn ech mech gefrot, wéi een nëmmen op esou eng Iddi ka kommen? Cocaine Bear spillt zu Kentucky am Joer 1985. Iwwer engem Bësch ginn Drogen aus engem Fliger geheit. Déi fannen hire Wee awer net wéi geplangt bis bei den Dealer, mee bei e Bier, deen déi verschidde Päck Kokain als éischt entdeckt. An hei kënnt et, wéi et komme muss. De Bier hëlt eng uerdentlech Iwwerdosis a fänkt un komplett ze randaléieren. Cocaine Bear ass en Thriller, respektiv en Horror-Film, deen awer als Komedie agepaakt gouf. Bescheuert, ma awer iergendwéi och interessant.