
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Bei ville Film-Kritiker kënnt de Sylvester Stallone éischter als mëttelméissege Schauspiller ewech. Fakt ass awer, dass hien an der Vergaangenheet e puer richteg gutt Filmer gemaach huet. Besonnesch ervirzehiewen ass hei natierlech déi ganz Rocky-Franchise, déi bis haut bei ville Fans absolutte Kultsatus erreecht huet. 2015 ass de Spin-Off mam Numm Creed an de Kino komm an dës Woch kënnt de mëttlerweil drëtten Deel eraus. Am Boxing-Drama Creed 3 gëtt den Adonis Johson vu senger Vergaangenheet ageholl. Besonnesch interessant ass, dass de Michael B. Jordan bei dësem Film net just als Produzent matgeschafft huet, mee e feiert och seng Première als Regisseur.
Alternativ kënnt dës Woch och nach déi däitsch Produktioun Sonne und Beton an de Kino. De Lukas, Julius, Gino a Sanchez liewen zu Berlin am Quartier Neukölln. Drogen, Kläppereien, Meedercher a Gangs, dat ass hiren Alldag. Wéi si enges Daags ëm 500 Euro erpresst ginn, decidéieren si an hir Schoul anzebriechen a nei Computeren ze klauen. Ma se wëssen net, wéi eng Evenementer si mat dëser Dot lancéieren.