Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

The Whale ass e Film, iwwer deen an de leschte Méint relativ vill geschwat ginn ass. Bei de Golden Globes ass een net laanscht en komm an och bei den Oscars wäert een de Numm bestëmmt déi eng oder aner Kéier héieren. Donieft ass et no laanger Krankheet de grousse Comeback vum Schauspiller Brendan Fraser. De Film erzielt d'Geschicht vun engem iwwergewiichtege Mann, dee probéiert, erëm méi Kontakt zu senger Duechter hierzestellen. Déi bal zwou Stonne sinn immens emotional, zum Deel awer och richteg schwéiere Kascht.

1991 ass den Horror-Franchise fir déi éischte Kéier un de Start gaangen an dës Woch kënnt de mëttlerweil 6ten Deel an de Kino. Am Film Scream 6 geet et ëm d’Schwëstere Sam an Tara. Si hate wëlles, nodeems si de Ghostface-Mäerder iwwerlieft hunn, zu New York e neit Liewen ufänken. Séier mierken si awer, dass e neie Killer hannert hinnen ass.

Fir Science-Fiction-Fans gëtt et dann de Film 65 vum Regisseur vun A Quiet Place. Et ass d'Geschicht vun zwee Astronauten, déi no engem Accident erëm zréck op der Äerd landen. Dat awer viru 65 Millioune Joer, an dat Zäit vun den Dinosaurier.

Méi liichte Kascht bitt dann d'Romantik-Komedie What's Love Got to Do with It. De Film begleet d'Zoe dat decidéiert, en Documentaire iwwer säi beschte Kolleeg ze dréinen. Hien kënnt aus Indien a steet kuerz virdrunner e Bestietnis anzegoen, dat vu sengen Elteren arrangéiert gouf.