
© DC Entertainment
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
An der Nuecht vum 12ten op den 13te Mäerz sinn zu Los Angeles fir déi 95. Kéier d'Oscars verdeelt ginn. Grousse Favorit am Virfeld war mat 11 Nominéierungen de Film Everything Everywhere All At Once. De Science-Fiction-Comedy-Drama ass dunn och mat 7 Awards als grousse Gewënner aus dem Owend erausgaangen. Et gouf ënnert anerem en Oscar fir de beschte Film, déi bescht Regie, dat bescht Dréibuch, déi beschte Schauspillerin (Michelle Yeoh) an de beschte Schauspiller an enger Nieweroll (Ke Huy Quan). Wéinst dësem Succès bréngt de Kinepolis de Film elo och zu Lëtzebuerg an de Kino.
Liest hei alles iwwer d'Oscar-Verdeelung 2023.
Wien da Fan vu Superhelden ass, deem leeën ech de neie Warner Bros. Film Shazam! Fury of the Gods aus dem DC Universum un d'Häerz. Schonn den éischten Deel hat am Joer 2019 beim Public souwéi och bei de Kritiker iwwerzeegt. De Blockbuster konnt an der Moyenne eng Nott vun 8,5/10 Punkten erreechen. Wéi een et bei DC gewinnt ass, ass hei eng uerdentlech Portioun u Witz mat dobäi. Wesentlech méi wéi bei der Konferenz vu Marvel.
Gewannt hei är Tix fir de neie Film Shazam! Fury of the Gods am Kinepolis.
Alternativ kënnt dës Woch och nach déi franséisch Produktioun Mon Crime an de Kino. Et ass eng Mëschung tëscht Krimi, Drama a Comedy. Erzielt gëtt d'Geschicht vun der jonker Schauspillerin Madeleine Verdier, dat am Paräis vun de 1930er Jore beschëllegt gëtt, en bekannte Produzent ëmbruecht ze hunn. Dono gëllt et mat Hëllef vu senger Frëndin, seng Onschold ze beweisen.