
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Besonnesch am Fokus steet dës Woch ganz kloer den Action-Film John Wick 4. Hei spillt de Keanu Reeves op e Neits eng vu senge Parade-Rollen an iwwerzeegt, de Kritiker no, alt erëm op ganzer Längt. 9 vun 10 Punkten erreecht de Film op grousse Plattformen a gelueft gëtt virun allem déi bombastesch Action an der zweeter Hallschent vum Film. Déi ass nämlech zu engem Groussdeel echt an net wéi esou dacks, um Computer erstallt ginn. Punkto Story kritt et den John Wick mam engem neie Kontrahent, dem Marquis de Gramont ze dinn.
Alternativ bitt de Film La chambre des merveilles zwar keen typesche Popcorn-Kino, dofir awer eng richteg schéi Geschicht. De klenge Louis fält no engem Accident an e Koma. Fir hien erëm ze erwächen, kënnt seng Mam Thelma op eng aussergewéinlech Iddi. Op der Bucket-Lëscht vu sengem Jong stinn nämlech 10 Saachen an hatt decidéiert, all dës Punkten ofzehaken a sengem Jong d'Geschichten dovunner am Spidol ze erzielen.
Donieft kënnt dës Woch och nach de Film Sage-Homme an de Kino. De Léopold bréngt et net fäerdeg de Concours fir säi Medezin-Studium ze packen. Säi leschten Auswee ass eng Ausbildung als Hiewan, déi hien ufanks alles anescht wéi seriö hëlt. Ma nodeems hien déi erfueren Hiewan Nathalie kenneléiert, entdeckt hien seng Passioun fir dëse vu Fraen dominéierte Beruff.