Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Spéitstens zanter Lord of the Rings si Fantasy-Filmer ëmmer nees Garantie fir gutt gefëllte Kino-Säll. Relativ iwwerraschend koum dunn awer den aktuell  grousse Succès vun Dungeons & Dragons, Honor Among Thieves. Et ass eisen Eldoradio Film vun der Woch an eng Mëschung tëscht Fantasy, Action a Comedy. Dungeons & Dragons ënnerhält wärend zwou Stonne säi Public a kritt vun de Kritiker e Rating vun 9 vun 10 Punkten.

Dann ass och den Til Schweiger erëm zréck am Kino. 32 Joer no Manta Manta leeft dës Woch de zweeten Deel um groussen Ecran un. An do geet et fir de Berti a säin alen Opel erëm zréck op d’Rennstreck.

Wien da Loscht op en Animatiounsfilm huet, fir deen ass dës Woch och Maurice, le chat fabuleux mat op der Programmatioun. Produzéiert gouf de Film vun de nämmlechte Leit, déi och scho fir déi verschidde Shrek-Filmer responsabel waren.

E weideren Animatiounsfilm, deen awer éischter Famille cibléiert, ass Le Royaume de Naya. Et ass d’Geschicht vun enger magescher Welt, déi wäit fort vun de Mënschen an de Bierger läit a nieft Fabelwiesen, déi se bevëlkeren och d’Quell vun der éiweger Jugend ass.