
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
De Super Mario vun der Mark Nintendo ass ouni Zweiwel déi bekanntste Videospillfigur vun der Welt. 1985 ass hie fir déi éischte Kéier opgedaucht a sämtlech Spiller mat him hunn sech bis haut ronn 400 Millioune Mol verkaaft. An dass esou eng Kultfigur och iergendwann de Wee an de Kino fënnt, erkläert sech vum selwen. An egal ob Mario, Luigi, Peach, Donkey Kong oder Toad, am Film The Super Mario Bros. Movie sinn all eis Liblingsfigure mat dobäi a probéieren de Bowser ze stoppen. Hien wëll nämlech déi ganz Welt, a virun allem de Champignon-Kinnekräich, erueweren.
Nike ass am Joer 2023 déi erfollegräichste Sportsmark vun der Welt. Dat war awer net ëmmer sou. Am Joer 1984 war d’Entreprise nämlech an der Kris. Séier huet also eng Iddi missen hier, déi schlussendlech d’Welt vum Sport revolutionéiert huet. De Film Air erzielt d'Geschicht wéi Nike an deem Joer decidéiert huet, e neie Schong ze entwéckelen. Marketing-Technesch bezitt een déi ganz Campagne op een eenzege Spiller, dee bis dato awer nach keen esou wierklech kannt huet, de Michael Jordan. Mat dobäi sinn de Ben Affleck, de Matt Damon, d’Viola Davis, de Chris Tucker an den Jason Bateman.