Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Dës Woch ass et relativ roueg am Kino, et kommen nämlech weider keng nei Filmer eraus. Ma vue, dass Vakanz ass a vill Leit nach ëmmer am Congé sinn, profitéiert vläicht fir e puer Filmer vu leschter Woch nozehuelen. Virun allem The Super Mario Bros. Movie ass net just fir Erwuessener oder passionéiert Mario-Fans, mee och fir Kanner a Famille gemaach.

Interessant ass dann och de Film Air, deen am Joer 1984 spillt an erzielt, wéi Nike de Schong Air Jordan lancéiert huet. Et war eng immens riskant Iddi fir d’Entreprise aus der Kris ze retten. Ma wéi mir wëssen, ass dës Iddi mat responsabel dofir, dass Nike haut weltwäit d’Nummer 1 vun de Sportmarken ass.

D’Geschicht vum d’Artagnan an den 3 Musketiere misst denken ech deene meeschte vun Iech e Begrëff sinn, virun allem well se am Laf vun de Joerzéngten e puer Mol verfilmt gouf. Lescht Woch ass dann eng nei Versioun erauskomm an zwar déi franséisch Produktioun Les Trois Mousquetaires: D'Artagnan. Se gesäit op den éischte Bléck liicht méi düster aus a mat dobäi ass ënnert anerem déi Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps.

Ganz liichte Kascht bitt dann de franséische Film Mon Chat et Moi. Hei geet et ëm d’Clémence, e Meedche vun 10 Joer, dat zu Paräis eng kleng Stroossekaz adoptéiert an se mat a säin Doheem um Duerf hëlt. Fir d’Kaz natierlech eng ganz ongewinnten Ëmgéigend, déi dem Meedchen an der Kaz awer zu enger ganz besonnescher Frëndschaft verhëlleft.