
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Supereroi ass e neie Film aus Italien, deen denken ech ville vun eis aus der Séil schwätzt. E beschreift nämlech d'Thematik vun der Léift am Joer 2023. Hautdesdaags e neie Partner ze fannen, ass nämlech alles anescht wéi evident. Dësen dann awer och ze behalen, ass nach eng ganz aner Hausnummer, virun allem wann ee wéi d’Anna an de Marco zum Deel grondverschidden ass. Hatt ass eng impulsiv Molerin, dat reegelméisseg aus senger Confort-Zone ausbrécht. Hien ass Physik-Proff a gleeft dorunner, dass alles am Liewe muss logesch sinn. Eng grouss Challenge also, virun allem wann ee plangt, säi ganzt Liewe laang wëllen zesummen ze bleiwen. Fir dat ze packen, brauch ee jo scho bal Superkräft...
Bienvenue chez les Ch'tis a Rien à Déclarer sinn zwee kuckenswäert Filmer, déi eis 2008 an 2010 gewisen hunn, dass eis franséisch a belsch Noperen och déi eng oder aner Macken an hirer Kultur, wéi och an hirer Gesellschaft hunn. Se sinn allerdéngs net ganz eescht ze huelen an definitiv fir ze laachen. Elo sinn den Dany Boon an de Kad Merad da mat hirer neister Komedie zréck am Kino. La Vie Pour De Vrai erzielt d'Geschicht vum Tridan, dee säi Liewe laang Animateur am Club Med war an deementspriechend och just ganz kuerz Bezéiunge mat senge weibleche Clientë gefouert huet. Mat 50 Joer decidéiert hien awer, dass et vläicht un der Zäit wier, dëst Liewen hannert sech ze loossen. Zu Paräis mécht hien sech op d'Sich no senger alleréischter Jugendléift, déi hien als klengt Kand vun 8 Joer fir d'lescht gesinn huet.
Wien da mol erëm eng Kéier Loscht op Horror huet, fir dee kënnt dës Woch de Film Evil Dead Rise nei am Kino eraus. D'Beth reest op Los Angeles fir seng Schwëster a seng Niess ze besichen. A senger Wunneng fënnt hat allerdéngs en alt Buch, dat jorelaang verstoppt war a sech als Buch vun der Doudegen erausstellt. Wien doranner liest, provozéiert d'Opdauche vu béisen Dämonen. Horrorfilmer kréie vu Kritiker erfarungsbedéngt éischter schlecht bis mëttelméisseg Bewäertungen. Evil Dead Rise erreecht allerdéngs exzellent Resultater (op der Plattform IMDB e Score vu 7,9 an op Rotten Tomatoes e Score vun 9,5). Horrorfans schénge bei dësem Film also net vill kënne falsch ze maachen, virun allem well och den Trailer richteg creepy a villverspriechend ausgesäit.