
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Dës Woch kommen eng ganz Rëtsch nei Filmer an de Kino, ugefaange mat The Pope’s Exorzist mam Oscar-Gewënner Russel Crowe. De Pater Gabriele Amorth ass ee vun den erfuerensten Exorziste vun der kathoulescher Kierch. Wärend sengem nächsten Opdrag deckt hien eng joerhonnertelaang Verschwierung op.
Dës Woch kënnt dann och eng Lëtzebuerger Produktioun an de Kino. Little Duke ass de neiste Film vum Andy Bausch an erzielt d’Geschicht vun enger Ierfschaft, déi méi Problemer kreéiert wéi se léisst.
Notre Tout Petit Petit Marriage erzielt d’Geschicht vum Max a Lou, déi sech am ganz enke Krees wëlle bestueden, just si an hier Trauzeugen. Absolutt onerwaart kënnt also eng Iwwerraschungsparty mat 300 Leit, déi hir Famillen organiséiert hunn.
De Businessman Antoine verléiert seng Aarbecht a gëtt vun engem Dag op deen anerem zum Hausmann. Mat senge Kanner ass en liicht iwwerfuerdert, freet sech also op déi nächst Schi-Vakanz bei där hien endlech nees Hëllef vu senger Fra kritt. De Problem, déi muss last minute wéinst beruffleche Grënn ofsprangen. 10 Jours Encore Sans Maman.
Zu gudder Lescht, de Comedy-Drama Les Complices iwwer en Opdragskiller, dee vun engem Dag op deen anere kee Blutt méi ka gesinn ouni schwaach ze falen. Problemer sinn also virprogramméiert.