
© PRESLEY ANN GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. D'Chich huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Ugefaange mat der US-amerikanescher Horror-Komedie “Renfield” vum Regisseur Chris McKay, deen op den Dracula Roman vum iresche Schrëftsteller Bram Stoker baséiert. An den Haaptrolle sinn den Nicolas Cage als Graf Dracula, an den Nicholas Hoult als deem säi Butler Renfield. Dem Butler Renfield gëtt no joerhonnertlaanger Zesummenaarbecht mam Graf Dracula kloer, dass hie mat sengem Chef eng relativ toxesch Bezéiung huet, a versicht sech vun him lass ze léissen, wat awer net esou einfach ass.
Wien dann op Libesfilmer an Drama steet , fir deen ass “Love Again” de passende Film. Hei geet et ëm d’Mira dat mam Verloscht vu sengem Verlobte kämpft, an him romantesch SMS’en op seng al Handysnummer schéckt. Allerdéngs weess hatt net dass deem seng Handysnummer antëscht engem anere Mann gehéiert.
A wien op franséisch Komedie steet, dee kënnt mam Film “Hawaii” ganz op seng Käschten. Op der Insel Hawaii gëtt een Alarm wéinst engem méigleche Rakéiten-Ugrëff ausgeléist. Kolleegen déi do grad Vakanz maachen, ginn dovunner aus dass si stierwe wäerten an erzielen sech alles wat si sech soss ni getraut hunn ze soen. Ma bis dann op eemol kloer ass dass et falschen Alarm ass.
Dës 3 Filmer lafe vun e Mëttwoch un am Kino!
Kuckt hei d'Traileren: