
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. D'Chich huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Béiss Zonge behaapten, de Fast & Furious Franchise wier zanter Joren ausgerutscht ma Fakt ass, déi verschidde Filmer zéie bis haut Millioune vu Leit weltwäit an de Kino. De Schluss soll an zwee Deeler an de Kino kommen an den éischten dovunner, Fast X, kënnt dir dës Woch um groussen Ecran gesinn. Hei kritt den Dominic Toretto (Vin Diesel) et mat sengem bis ewell déidlechste Géigespiller ze dinn, dee vum Jason Momoa gespillt gëtt.
Dem Johnny Depp seng Karriär huet wéinst dem Prozess mat senger Ex-Fra Amber Heard staark gelidden. Sou huet zum Beispill Disney déi komplett Zesummenaarbecht mam Schauspiller op Äis geluecht ma elo ass den Depp endlech nees am Kino ze gesinn. Den Drama Jeanne du Barry erzielt d'Geschicht vum Marie-Jeanne Bécus a sengem Opstig zu der Maîtresse vum franséische Kinnek Ludwig XV.
Wir befinden uns im Jahre 50 v.Chr. Ganz Gallien ist von den Römern besetzt... Ganz Gallien? Nein! Ein von unbeugsamen Galliern bevölkertes Dorf hört nicht auf, dem Eindringling Widerstand zu leisten.
Dësen Intro misst denken ech vu Jidderengem erkannt ginn. Esou fänkt nämlech zanter Joerzéngten all Geschicht ronderëm den Asterix&Obelix un. Déi zwee Gallier sinn elo erëm zréck um groussen Ecran. Hir neisten Aventure heescht Im Reich der Mitte. No engem Putsch a China flücht déi jonk Prinzessin Fu-Yi a Gallien fir den Asterix, den Obelix an hire mageschen Zaubertrank ëm Hëllef ze froen. Esou briechen si op fir China an déi keeserlech Famill ze retten. Ma wéi wann dat net schonn en Challenge fir sech wier, brécht och nach de Julius Cäsar a Richtung China op fir d’Land ze eroberen.