
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Dës Woch ass erëm eppes fir Horror-Fans mat dobäi an zwar d’Verfilmung vum Stephen King senger Kuerzgeschicht The Boggeyman. Hei geet et ëm e Monster, dat am Donkele lauert a Juegd op kleng Kanner mécht. Dat virun allem an hirer Kummer wou d’Elteren Näischt vu senger Präsens matkréien.
Déi frëndlech Spann aus der Noperschaft ass erëm zréck um groussen Ecran. Am neien Animatiounsfilm Spider-Man: Across the Spider-Verse verschléit et de Miles Morales, dee mir jo aus der rezente Playstation-Spiller kennen, an de Multiverse. Hei muss hien zesumme mam Gwen Stacy an anere Spider-Helde säi bis ewell gréissten a geféierlechste Béisewiicht bekämpfen.
Donieft kënnt och déi franséisch Produktioun Invincible été an de Kino. Et ass d'Geschicht vum Olivier, dee schwéier krank ass an enges Daags gesot kritt, dass hie just nach 3 Joer ze liewen huet. Och gëtt et fir hie keng Chance op Heelung, ma amplaz an déif Trauer ze verfalen, decidéiert den Olivier, all Sekonn vum Liewen ze genéissen an esouguer anere Leit ze hëllefen.