
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Jennifer Lawrence Is Back an dat an enger richteg villverspriechender Comedy mam Numm No Hard Feelings. D'Maddie ass Chauffeur bei Uber a steet vun engem Dag op deen aneren ouni Auto do. De Problem, et huet e risege Bierg u Scholden a riskéiert säin Haus ze verléieren. Op der anerer Säit steet de Percy. Hien huet 19 Joer, ass schei, komplett verklemmt an hat nach ni Kontakt mat Meedercher. Ma éier hien op d’Uni geet, wëllen seng Eltere genee dat änneren. Si stellen eng Annonce an den Internet fir hirem Jong seng éischt Dates an seng éischt Aventure ze erméiglechen. An genee do kënnt d’Maddie an d’Spill. No Hard Feelings bitt vill Comedy an eng jett knaschteg Witzer an Uspillungen.
2023 mellt sech dann och Pixar mat engem neien Animatiounsfilm fir déi ganz Famill zréck. En heescht Elemental an ass eisen Eldoradio Film vun der Woch. E spillt an der Stad Elemental City. Feier, Waasser, Äerd a Loft liewen hei a kompletter Harmonie, par contre relativ getrennt vuneneen. Elements Don’t Mix heescht et am Film, ma déi relativ speziell Frëndschaft tëscht dem Flam an dem Flack kéint genee dat an Zukunft änneren.