Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Mat «Insidious – The Red Door» kënnt de fënneften Deel vun dëser Horror-Filmrei an d’Kinoen. No engem jorelaange Kampf mat Dämonen wëllen de Josh a säi Bouf d’Dämonen ee fir allemol lassginn. Si mussen dofir duerch eng mysteriéis rout Dier goen, an an engem Parallel-Universum géint donkel Gestalte kämpfen. Ganz sou einfach ass dat awer net...

Kuckt hei den Trailer:

Wien eppes fir ze laache wëll, deen ass beim Film «Joyride» richteg. Hei geet et ëm eng jonk Affekotin, déi a China muss reesen, fir ee groussen Deal ofzeschléissen. Just domm, dass hatt kee Wuert chineesesch schwätzt. Dofir muss eng Frëndin aus der Kandheet aushëllefen. Ma dat ass awer een onkonventionelle Fräigeescht, an huet et net esou mat Reegelen. Dofir muss och nach der Affekotin seng Cousine matgoen. A mat deenen dräi ass de Chaos virprogramméiert...

Kuckt hei den Trailer:

Eppes fir ze laache gëtt et och beim Film «Les Vengeances de Maître Poutifard». De Maître Poutifard huet just nach eng Iddi am Kapp: eng Revanche géint seng fréier Schüler déi him d’Liewen zur Hell gemaach hunn. An dofir huet hien zesumme mat senger Mamm een diabolescher Plang entwéckelt.

Kuckt hei den Trailer:

Ee Film fir Kléng a Grouss ass «Lady Bug et le Chat Noir». D’Marinette, eng jonk Paräisin déi e bëssen tollpatscheg ass, an net wierklech déi beléiftste Schülerin am Lycée ass. Bis op eemol d’Stad vun engem diabolesche Päiperlek menacéiert gëtt, an hatt sech an d’Superheldin Ladybug verwandelt. Mat sengen nei entdeckte Superkräft a mat Hëllef vum Chat Noir versicht hatt d’Stad virun de Monsteren ze retten.

Kuckt hei den Trailer:

Vun e Mëttwoch un sinn dës Filmer am Kino!