
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet säin Highlight aus der Programmatioun erausgesicht.
Dës Woch kënnt just een Blockbuster an de Kino, Mission: Impossible – Dead Reckoning Part One.
Wéini ass et an der Filmbranche Zäit fir ze soen: OK elo geet duer?
Eppes steet fest, de Vin Diesel huet mat senger Fast & Furious Franchise den Zäitpunkt verpasst! Ma wéi ass et bei Mission Impossible mam Tom Cruise? Do kënnt elo nämlech och schonn de mëttlerweil 7ten Deel mam Numm Dead Reckoning Part 1 an de Kino.
De Film kënnt an zwee Deeler an de Kino, deen éischten elo an den zweeten am Juli 2024, deen d’Franchise dann no bal 30 Joer ofschléisse soll. Punkto Story sinn den Ethan Hunt an säin IMF-Team op der Sich no enger geféierlecher Waff, déi an de falschen Hänn, déi ganz Mënschheet kéint ausläschen. Donieft gëtt den Ethan Hunt mat däischtere Geheimnisser aus senger Vergaangenheet konfrontéiert.
Ech hu ganz laang misse sichen, bis ech iwwerhaapt e negativ Wuert iwwer de neie Mission Impossible fonnt hunn. D'Kritiker sinn alleguer begeeschtert a ginn dem Film ongleeflech 9,8 vun 10 Punkten. Fir Action-Fans ass de Blockbuster also definitiv en absolutte Must-See a fir ganz vill Leit ass Dead Reckoning den Highlight vun der ganzer Franchise. Och den Tom Cruise weist sech mat 61 Joer nach ëmmer an Top-Form, och wat déi verschidde spektakulär Stunten ugeet. Hien, de Regisseur an d'Produzenten hunn sech alt erëm selwer iwwertraff.