
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet säin Highlight aus der Programmatioun erausgesicht.
Zanter 2009 gëtt un engem Barbie-Film geschafft an d’Waarden huet sech wéi et schéngt gelount. Alles ass Rosa an op den éischte Bléck perfekt, sou och d’Liewe vum Barbie a Ken. Déi fannen sech awer bemol an der realer Welt zréck a fannen eraus, wat Perfektioun wierklech bedeit. De Film ass ganz kloer bis ewell den Highlight vum Joer 2023. Virun allem d’Margot Robbie als Barbie an de Ryan Gosling als Ken iwwerzeegen op ganzer Längt a ginn och scho fir den Oscar gehandelt. De Film ass witzeg, verréckt an onmoosseg ënnerhalsam.
Vu Rosa eriwwer bei en éischter düsteren Toun. De Film Oppenheimer hëlt eis mat an den zweete Weltkrich, méi genee bei d’Entsteeung vun der alleréischter Atombomm. De Geschichtsdrama vum Regisseur Christopher Nolan iwwerzeegt mat grandiosem Cast (Cillian Murphy, Robert Downey Jr., Emily Blunt, Matt Damon) ass komplex, detailléiert, awer och spektakulär. Allerdéngs ass de Film bei wäitem kee liichte Kascht an hätt vläicht nach méi op de geschichtlechen Aspekt kéinten agoen.