Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Wann dir schonn eng Kéier am Disneyland waart, kennt dir bestëmmt d'Attraktioun The Haunted Mansion. Dat grousst Grujelhaus packt et 2023 fir eng zweete Kéier op de groussen Ecran a mat dobäi sinn dëst Kéier ënnert anerem den Jared Leto, den Danny DeVito, den Owen Wilson an d'Jamie Lee Curtis. Am Film geet et ëm e Grupp vu Pseudo-Geeschter-Experten, déi e Grujelhaus mussen ënnersichen. Et ass eng Fantasy-Horror-Comedy, also duerchaus och e Film, dee ee mat der Famill ka kucke goen.

De belschen Animatiounsfilm Magnus hat ech perséinlech bis ewell nach net um Schierm, ma eleng den Trailer huet mech scho begeeschtert. De Fantasyfilm gesäit erfrëschend interessant aus an erënnert mech un eng Mëschung tëscht Mulan, How to Train Your Dragon, Kung Fu PandaRaya The Last Dragon. Magnus ass mat Chance e villverspriechende Geheimtipp.

Lassie - Ein neues Abenteuer bitt da nees e Film fir déi ganz Famill a fir éischter kleng Kanner. Den Hond Lassie ass zréck um groussen Ecran a muss eng Grupp vu Gangsteren opspieren, déi jonk Hënn entféieren a fir deiert Geld erëm verkafe wëllen.

Fir Anime-Fans kënnt dann dës Woch och nach The First Slam Dunk an de Kino a fir Amateure vu Bollywood-Produktiounen erwaart iech Rocky Aur Rani Kii Prem Kahaani.