
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Wat verstoppt sech déif ënnen am Ozean? Fakt ass, mir wëssen et 2023 nach ëmmer net well fir d’Mënschheet ass et bis haut net méiglech de ganze Mieresbuedem ze erfuerschen. Genee dorobber huet 2018 de Film Meg ugespillt an d'Fortsetzung mam Numm The Trench kënnt elo an de Kino. Den Jason Statham ass zréck a kämpft op e Neits géint e risegen Hai, e Béischt aus der Urzäit mam Numm Megalodon.
Fir Famille mat Kanner kënnt dës Woch och den Animatiounsfilm Les Aventures de Ricky nei an d’Programmatioun. Et ass d’Geschicht vum jonke Spatz Ricky, dee vun doheem fortleeft an zesumme mat neie Kolleegen eng epesch Aventure am Häerze vun Afrika erlieft.
Nomëttes no der Schoul mat enger Schossel Kelloggs an der Suff RTL 2 kucken, dat war meng Kandheet. Um Programm war ënnert anerem Detective Conan an dee kënnt elo mat sengem neiste Fall Black Iron Submarine, zréck an de Kino.
Och de Leonardo, Donatello, Raphael a Michelangelo kommen zréck op de groussen Ecran. Teenage Years heescht de nei Film vun de Ninja Turtles an hei probéieren d'Bridder d’Häerze vun de New Yorker fir sech ze gewannen, nodeems se jorelaang verstoppt am Ënnergrond gelieft hunn.