Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Nieft Need for Speed gehéiert Gran Turismo ouni Zweiwel zu den erfollegräichste Rennspiller iwwerhaapt. Ma wat wier, wann e Videospill bemol Realitéit géif ginn? Am Film Gran Turismo kritt de passionéierte Gamer Jann Mardenborough d’Méiglechkeet, säi Kënnen op der richteger Rennstreck ze beweise mee de Wee bis dohinner ass net just immens schwéier, ma och richteg geféierlech.

Nei an der Programmatioun ass och déi franséisch Produktioun Veuillez nous excuser pour la gêne occasionnée. De Sébastien ass e Schaffner am Zuch, deen sech ëm eng Versetzung an de waarme Süde beméit. Éier dës accordéiert gëtt, muss hien ee leschten Zuchtrajet ënner Surveillance iwwerstoen. De Problem, seng Opsiicht ass en absolutte Psychopat an och soss geet alles schif, wat nëmme schif ka goen.

Asterix & Obelix packen et zanter Joerzéngten ëmmer nees op de groussen Ecran. Sou zum Beispill am Joer 2002 mat Mission Cléopâtre an dee Film kënnt elo an enger remastered Versioun zréck an de Kino.

Wien da Fan vu Bollywood-Produktiounen ass, fir dee sinn dës Woch och Gadar 2 an OMG 2 nei mat dobäi.