Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Spann béisst Teenager... Teenager kritt spannen-aarteg Superkräft...
Dat war de Prinzip vu Spiderman an am selwechte Stil ass och de neie Film Blue Beetle. Wien den Trailer kuckt, gesäit iergendwéi eng Mëschung tëscht Spiderman a Venom an de neie Superhelden-Film vun DC kënnt bei de Kritiker aktuell relativ gutt ewech.

Alternativ bréngt Lionsgate säin neisten Horror/Thriller mam Numm Cobweb an de Kino. De klénge Peter héiert a senger Kummer mysteriéis an onheemlech Geräischer, déi aus der Mauer kommen. Et handelt sech ëm en däischtert Geheimnis, dat esouguer seng Eltere wëlle vertuschen.

Kannawoniwasein! ass d’Verfilmung vun engem Kannerbuch an deem et ëm de jonke Finn geet, dee nawell relativ vill Pech huet. Am Zuch fir op Berlin kritt hien nämlech säi Rucksak mat Zuchbillet geklaut. De Problem, weder de Schaffner, nach d’Police gleewen him an esou fänkt eng Rees voller Aventuren un der Säit vum couragéise Meedche Lola un.

Zu gudder Lescht kënnt och den Animatiounsfilm Les As de la Jungle 2 an de Kino. D’Kolleegen aus dem déiwen Dschungel ginn op Weltrees. Si sinn nämlech op der Sich no engem Géigegëft well e Béisewiicht de ganzen Dschungel mat engem Gas infizéiert huet, deen a Kontakt mam Waasser, explodéiert. An dat gëllt et ee Mount virun der Reenzäit natierlech ze verhënneren.