
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
Stellt Iech vir dir hutt äre Kierper, äert Gehier an ärt Behuelen net méi ënner Kontroll. E geféierleche Gangster hypnotiséiert Iech an zwéngt Iech Verbriechen ze begoen…Kléngt grujeleg a genee dat ass Thema am Film Hynotic. Deem entgéintstelle muss sech den Detective Danny Rourke, gespillt vum Ben Affleck.
6te Juli 1897... Dat russescht Handelsschëff Demeter kritt den Opdrag 24 mysteriéis Holzkëschte vu Rumänien an England ze bréngen. Wat d'Besatzung net weess, an hirer Fracht verstoppt sech en onheemlecht a brutaalt Monster. The Last Voyage of the Demeter heescht de neien Horrorfilm, deen dës Woch an de Kino kënnt.
Muss ech die Schlümpfe nach iergendengem virstellen? Ech denken net! Déi blo Männercher feieren 2023 hire 65te Gebuertsdag. An deem Kader kommen se mat fënnef ganz neien an exklusiven Episoden op de groussen Ecran. Perfekt fir Famille mat klenge Kanner.
Fir Bollywood-Fans ass dës Woch dann och nees eppes Neies mat dobäi an zwar déi neiste Produktioun aus Indien mam Numm Dream Girl 2.