Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Wéi wäit bass du bereet ze goe fir deng Famill, deng Frënn an deng Heemecht ze beschützen? Déi Fro stellt sech am neien Action-Blockbuster The Equalizer 3. Den Ex-Optragskiller Robert McCall, gespillt vum Denzel Washington, huet nach ëmmer Schwieregkeeten, sech mat senger Vergaangenheet auserneenzesetzen. Trouscht fënnt hien a senger neier Heemecht Italien. Wéi awer bemol seng Kolleege vun der italieenescher Mafia menacéiert ginn, muss hien op e Neits op eege Fauscht fir Gerechtegkeet suergen.

Mat Talk To Me kënnt dës Woch dann och en Horrorfilm nei an d'Programmatioun. Dësen iwwerzeegt esouwuel d'Kritiker wéi och de Public an kritt fir e Film aus dësem Genre, aussergewéinlech gudde Feedback. Bei engem neie Partyspill geet et dorëms, Kontakt mat Geeschter opzehuelen, dat mat Hëllef vun enger Hand aus Gips. Wat am Ufank just als Spaass geduecht war, fänkt séier un mat Eskaléieren. Eng Persoun iwwerdreift et nämlech an de Geescht bréngt et fäerdeg, sech an déi real Welt ze befreien.