Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. D'Kelly huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

Nei an der Programmatioun ass déi franséisch Produktioun Vision. D'Estelle ass Pilotin an huet e perfekt Liewe mat sengem Mann. Och wann Jetlag de Schlof vun der jonker Fra stéiert, schéngt alles gutt ze sinn. D'Estelle trëfft um Flughafe vun Nice op d'Fotografin Ana, mat deem hatt virun 20 Joer eng leidenschaftlech Affär hat. Déi jonk Fra aant net, dass dëst Treffen eng Serie un Albdreem ausléist an hiert Liewen an eng aner Bunn lenkt.

Déi däitsch Produktioun Roter Himmel (Afire) ass eng Mëschung aus Drama a Comedy. Véier Kolleegen treffen sech an engem klenge Vakanzenhaus un der Ostsee erëm an erliewe waarm Deeg. Säit Wochen huet et net gereent an et brieche Bëschbränn aus. Mee net nëmmen am Bësch verbreet sech d'Hëtzt, och ënnert de Frënn verbreet sech e Knisteren. Roter Himmel (Afire) ass e Film iwwer Loscht, Léift a Jalousie.

Mam Film Enkel für Fortgeschrittene kënnt dës Woch eng zweet däitsch Produktioun an d'Kinoen. E Rentner-Trio hält Hausaufgabenhëllef fir d'Zäit ëmzekréien. Dat ass awer méi einfach gesot ewéi gemaach. D'Jugend vun haut hält déi Dräi nämlech richteg op Trapp. Esou einfach loossen sech d'Karin, d'Philippa an de Gerhard awer net ënnerkréien an no an no leeft et ëmmer besser.

Chiara ass eng italieneesch-belsch Produktioun déi an der Stad Assisi am Joer 1211 spillt. Dat 18-järegt Chiara dreemt vun enger Gesellschaft ouni Hierarchie a Muechtmechanismen.

Fir Fans vu Bollywood-Produktiounen kënne mir den Action- an Drama Film Jawan mam Shah Rukh Khan recommandéieren.