Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.

2018 ass mat The Nun ee vun de kommerziell erfollegräichsten Horrorfilmer aus de leschte Joren an de Kino komm. Dës Woch kënnt dann endlech d'Fortsetzung eraus an am zweeten Deel ass den Dämon Valak nees zréck. Déi düster Nonn dréift dës Kéier an enger Klouschter-Schoul säin Onwiesen an hier entgéintstelle muss sech op e Neits d’Schwëster Irène.

Wann ech un déi ganz After-Saga denken, kënnt mir automatesch Fifty Shades 2.0 an de Kapp. Mat After Everything kënnt dës Woch déi grouss Finall an de Kino an am fënneften a leschten Deel stellt sech eng grouss Fro: Kommen den Hardin an d’Tessa erëm zesummen oder net?

No Murder on the Orient ExpressMurder on the Nile ass den Hercule Poirot nees zréck um groussen Ecran. A Haunting in Venice heescht säin neiste Mystery/Krimi an hei mellt sech den Detektiv no engem Mord an engem verloossene Palazzo aus der Pensioun zréck a geréit an eng düster Welt voller onheemlecher Geheimnisser.

Zu gudder Lescht ass dës Woch dann och eppes Neies fir Bollywood-Fans mat dobäi an zwar den zweeten Deel vu Chandramukhi.