
© Youtube
Mëttwochs kommen zu Lëtzebuerg ëmmer nei Filmer an de Kino. De Massimo huet sech e puer Tipps aus der Programmatioun erausgesicht.
En erfollegräiche Geschäftsmann ass moies ënnerwee fir seng Kanner an d’Schoul ze brénge, bis e mysteriéisen Telefon d’Liewe vu senger Famill fir ëmmer verännert. A sengem Auto si Bomme placéiert, déi explodéiere, wann hien net genee dat mécht, wat déi onbekannt Stëmm um Telefon vun him verlaangt. Retribution heescht de neien Action-Thriller mam Liam Neeson an der Haptroll.
Déi franséisch Produktioun Acide erzielt eng apokalyptesch Geschicht. Enges Daags daucht um Himmel eng mysteriéis Wollek op. Aus dëser fält héichgëftege Reen, deen alles verätzt, wat e beréiert. Et ass eng Gefor, déi d’Mënschheet an eise ganze Planéit bedréit. Matzendran ass eng Famill, déi sech erëmfanne muss fir zesummen ze flüchten.
Et gëtt eng magesch Welt an där kléng gelunge Feeë wunnen, déi an der Nuecht d'Mënsche besiche komme fir hinne Kaddoen ze bréngen. D'Violetta, eng Fee, déi méi dacks mam Kapp an de Wolleken, wéi soss anzwousch ass, bleift enges Nuets an der Welt vun de Mënschen hänken. Fir zréck a seng Heemecht ze kommen, kritt hatt Hëllef vum 10 Joer ale Maxie. Déi kleng Wurschtelfee ass en Animatiounsfilm, deen esouguer op Lëtzebuergesch synchroniséiert gouf.
Déi Lëtzebuergesch-Franséisch Produktioun Kommunioun ass en éischter düstere Film. D’Elaine ass eng elengerzéiend Mamm, dat sech Suergen ëm säi Jong Martin mécht. Hien behëlt sech komesch a fänkt esouguer un seng Matschüler ze bäissen. Hatt sicht sech Hëllef bei senge Schwéierelteren a stéisst op en däischtert Familljegeheimnis.