
© YouTube Screenshot / Warner Bros. De
E Film iwwer d’Thema Transidentitéit, verpak fir e Mainstream Publikum.
De Ben, gespillt vum Florian David Fitz, ass Polizist a getrennt vu senger Fra Mira, (Marie Burchard). Un der Trennung huet den Haaptduersteller och nach iwwert e Joer duerno ze knabberen. Wärend hie seng Ex ëmmer nach als «Schatz» am Telefon gespäichert huet, eleng an engem Jumelée wunnt an ze vill Alkohol konsuméiert, erwaart d’Mira mëttlerweil mat sengem neie Frënd, dem Diego (Juan Carlos Lo Sasso), e Kand. Nodeems et méi fréi an d’Klinik muss, besteet de Ben drop sech an där Zäit ëm déi zwee gemeinsam Kanner ze këmmeren. Séier gëtt kloer firwat dem Ben seng Ex sech ufanks géint dee Virschlag wiert: Den Oskar (Laurì), hire gemeinsame «Jong», lieft mëttlerweil als Meedchen, leeft ëmmer an engem giele Rack ronderëm a wëll Lili genannt ginn. Doriwwer weess och quasi jiddereen am Ëmfeld Bescheed, ausser dem leifleche Papp, dee sech elo mat der Thematik ausernee setze muss. Hie kuckt sech duerch YouTube Videoen, déi him bestätegen, dass dat alles och just kéint eng Phas sinn, e geféierlechen Trend, deem een entgéint wierke sollt fir seng Kanner ze schützen. Dem Oskar, respektiv Lili, säi Rack flitt an d’Poubelle an de Polizist probéiert säi Kand mat méiglechst «männlechen Aktivitéiten» a senger Identitéit ze beaflossen. Esou entwéckelt sech e Plot ronderëm toxesch Männlechkeet, groussen Emotiounen, ze ville Clichéen an dem Thema Acceptanz.
Den Häerzensprojet vum Florian David Fitz bei deem hien als Schauspiller, Dréibuch-Auteur a Produzent fungéiert, schwätzt vill Punkten oppen un an trotzdeem kritt en net déi Déift hin, déi e wuel erreeche wollt. Dofir ginn et einfach ze vill Detailer, Verstréckungen a Clichéen. Et huet een deelweis d’Gefill, dass de Film esou vill wollt ënnerkréie wéi méiglech an esou geet et net just ëm Transidentitéit mee niewebäi och ëm Antisemitismus, Alkoholismus, Rassismus, Police-Brutalitéit a weider Themen, déi schwiereg sinn einfach mol niewebäi ze erwänen. Engersäits spigelt och dat d’Realitéit erëm well déi mannste Leit just ee Chantier am Liewen hunn. Ma anerersäits hëlt dat ze vill Ecran-Zäit fort vum Haaptpersonnage. An domat mengen ech net den heteronormative wäisse Mann deem seng Siicht am Film dominéiert mee d’Lili, ëm dat et eigentlech geet an awer an den Hannergrond rutscht. Hätt de Film sech méi mat sengem Alldag a senge Gefiller befaasst a manner mam Ben senge Macho-Problemer, hätt d’Geschicht nach méi Potential gehat.
Och verschidde Spréch bei deenen all d’Alarmklacken am Kapp «Alldagsrassismus» oder «Sexismus» jäizen, suergen deels fir Fremdscham, deels fir e Kicheren am Kinossall. Vill Kritiker:inne soen, dass d’Clichéen hei en Ticken ze vill benotzt ginn. Oder ass genee dat den Usaz vum Fitz: Scheinbar harmlos Witzer a Stereotyppen aschaffe fir de Leit däitlech ze maachen, dass genee dës «harmlos» Spréch vill méi problematesch si wéi een dat dacks unhëllt? Villäicht, villäicht interpretéieren ech awer hei och ze vill eran an de Film bedéngt sech un de Stereotyppen an einfache Witzer fir e Mainstream-Public unzeschwätzen an d’Thematik och nëmmen net ze schwéier ze maachen. Dorop weist leider och den Titel hin: Wärend dem ganze Film geet et drëms, dass den Oskar wëll Lili genannt ginn an trotzdeem heescht de Film net «Lili’s Kleid» mee «Oskar’s Kleid», net konsequent mee zitt eben méi Opmierksamkeet op sech.
Kuckt iech hei den Trailer un!
E risege Pluspunkt ass iwwregens de Soundtrack, dee perfekt ofgestëmmt op d’Thematik ass, an dofir suergt, dass déi eng oder aner Tréin (méi) fléisst.
Fazit: «Oskar’s Kleid» ass eng Achterbunn u Gefiller an iwwerzeegt a villen Hinsichten, enttäuscht awer leider a genee esou villen aneren. Ob ech e géif wieder empfeelen? Jo, well et am Endeffekt e Feelgood-Movie ass, deen e relevant Thema opgräift, wann och net perfekt.