
© Youtube Screenshot
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Los Angeles an de 1920er Joren. Eng Zäit voller Dekadenz an extravagante Partyen. Genee do spillt Babylon, eisen Eldoradio Film vun der Woch.
De Film erzielt wéi an de 1920er Joren Hollywood an déi ganz Filmbranche zu Los Angeles entstanen ass. Schonn deemools gouf et an der Stad eng Hellewull un Acteuren, déi et bis ganz un d’Spëtzt wollte packen. De Film begleet vill vun hinnen, sief et Schauspiller, Produzenten oder och Journalisten. Déi eng ginn zum Schluss zum Star, anerer falen esouwuel an hirer Karriär wéi och perséinlech immens déif.
Babylon iwwerzeegt, an éischter Linn wéinst sengem Cast. Esouwuel d’Haaptacteure wéi de Brad Pitt an d’Margot Rabbie goufe perfekt erausgesicht. Ma och d’Niewerolle wëssen ze ënnerhalen. Ze ënnersträichen ass hei ënnert den Toby McGuire.
Babylon erënnert u Once Upon A Time In Hollwood oder och LaLaLand. De Film ass villes: Obskuer, witzeg, elegant, vulgär, traureg, ma virun allem komplett over the top an iwwerdriwwen. E weist eis firwat mir Filmer a Kino bis haut esou gären hunn.
Mat iwwer 3 Stonnen ass en awer ganz kloer en Tick ze laang.
D’Kritiker sinn sech allerdéngs eens: Babylon geet ee gären och mol eng zweete Kéier kucken.
Et ass eisen Eldoradio Film vun der Woch.