Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Lauschtert hei de Reportage

Romeo & Julia ass eng Geschicht, déi denken ech och haut nach Jidderee kennt. Déi franséisch Produktioun 16 Ans léisst sech mengen ech relativ gutt als modern Adaptatioun dovunner verstoen. Et ass eisen Eldoradio Film vun der Woch.

16 Ans erzielt d’Geschicht vun enger verbuedener Léift. De Léo an d’Nora sinn zwee Teenager, déi sech an der Schoul kenneléieren an du verléiwen. Am Film gëtt awer relativ séier däitlech, dass hir Bezéiung vill verschidde Steng an d’Weeër geluecht kritt. Ënnert anerem sinn d’Famille vum Léo an dem Nora mat der Relatioun alles anescht wéi averstanen.

Lauschtert hei de ganzen Interview mat der Schauspillerin Sabrina Levoye

De Film erzielt also eng Geschicht mat där sech och am Joer 2023 nach vill Leit, a virun allem Jonker identifizéiere kënnen. D’Problematik, déi am Film beschriwwe gëtt, ass nämlech och haut nach ëmmer aktuell. Virun allem a Famille gëtt et dacks e grousse Manktem punkto Kommunikatioun. 16 Ans ass also esouwuel e modernen Drama, wéi och eng Libesgeschicht fir Jonk an Al.