
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
D’Apocalypse…D’Enn vun der Welt…
Friem Leit, déi an dat eegent Haus abriechen an deng Famill als Geisel huelen…
Dat sinn dem Schauspiller Rupert Grind seng zwee gréissten Ängschten. An ech menge genee dowéinst huet en och am Film Knock at the Cabin matgespillt. Et geet hei nämlech genee dorëms. Et ass eisen Eldoradio Film vun der Woch.
De Plang war et amfong an engem ofgeleeëne Chalet matzen an der Natur eng Vakanz ze verbréngen. Dësen Dram gëtt fir eng Famill allerdéngs op d’Kopp geheit wéi bemol véier Friemer virun hirer Dier stinn an si als Geisel huelen. Domadder net genuch, si verlaange vun der Famill eng onméiglech Decisioun. Méi wëll ech op dëser Plaz elo net verroden.
Knock at The Cabin ass en Mystery/Thriller. Spannung, Drama an Angscht, et wäert engem am Kino definitiv net langweileg ginn. Genee dat war och d'Intentioun vun de Schauspiller a Produzenten. Et spillt een hei nämlech mat den Ängschte vun de Leit.
Mat dobäi sinn den Dave Bautista an de Ron Weasley Schauspiller Rupert Grint.