
© Frazer Harrison / AFP
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
2012 an 2015 hunn d'Filmer Magic Mike a Magic Mike XXL op der ganzer Welt ageschloe wéi eng Bomm! Elo ass den Channing Tatum dann endlech zréck! Magic Mike’s Last Dance, den Ofschloss vun der Trilogie. Eisen Eldoradio Film vun der Woch.
De Mike Lane schafft mëttlerweil als Barkeeper zu Miami. Do léiert hien eng Fra kenne mat där hien dann och zesumme kënnt. Duerch hatt kritt hien d’Méiglechkeet op London ze plënneren an do eng nei grouss Striptease-Show op d’Been ze stellen.
Ech zitéieren e renomméierte Film-Kritiker:
Mëscht déi ganz Story an déi ganz Romanze Sënn? Nee!
Geet ee Magic Mike wéinst der Story kucken? Nee!
Magic Mike geet ee kucke wéinst dem Channing Tatum an dem, komm mir nennen et mol, Danzen. A genee do leet den drëtten Deel, par Rapport zu senge Virgänger, nach eng uerdentlech Schëpp uewendrop. Magic Mike’s Last Dance iwwerzeegt do, wou en iwwerzeege soll.
Verschidde Stëmmen aus dem Eldoland behaapten awer no der Avant-Première, et géif plazeweis scho bal bëssi un e Softporno grenzen. Mee ganz éierlech: Esou eppes wëll een och, wann een sech en Ticket fir dëse Film keeft!
Magic Mike’s Last Dance, eisen Eldoradio Film vun der Woch.