Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

De Marvel Cinematic Universe gehéiert am Joer 2023 ouni Zweiwel zu den erfollegräichste Franchisen iwwerhaapt. Dozou gehéieren ënnert anerem den Iron Man, den Thor, d'Black Widow oder och de Spider-Man. De mëttlerweil 31te Film aus dem MCU bréngt elo de wuel klengste Superheld zréck an de Kino. Ant-Man and the Wasp: Quantumania, eisen Eldoradio Film vun der Woch.

De Superhelden-Duo Scott Lang an Hope Van Dyne, alias Ant-Man and the Wasp kréien et an dësem Film mam bis ewell onbekannte Quantumverse ze dinn. Hei mussen si net just nei Kreature bekämpfen, mee och engem neien ultimative Béisewiicht entgéinttrieden.

An den Haaptrolle sinn de Paul Rudd (Scott Lang/Ant-Man), d'Evangeline Lilly (Hope van Dyne/Wasp) an de Jonathan Majors (Nathaniel Richards/Kang, der Eroberer) ze gesinn.

Ant-Man and the Wasp: Quantumania presentéiert eis net just e ganz neien Universum, mee och e ganz neie Béisewiicht. Eleng dowéinst sollt e Marvel-Fan dëse Film op kee Fall verpassen. Hei trëtt nämlech fir eng éischte Kéier de Kang op. Hien ass souzesoen de neien Thanos a soll am Laf vun de nächste Joren zum nächsten ultimative Marvl-Béisewiicht gepuscht ginn.