
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Dem Steven Spielberg seng Filmer ware bis ewell fir 140 Oscaren nominéiert an hunn zesummen iwwer 10 Milliarden Dollar agespillt. Op seng Kap gi Blockbuster wéi Der weisse Hai, E.T. , Jurassic Park oder och Indiana Jones. Hien gëllt donieft als kommerziell erfollegräichste Regisseur vun allen Zäiten a seng Liewensgeschicht kënnt elo an de Kino.
The Fabelmans erzielt d’Geschicht vum klenge Sammy. Wéi hie mat sengen Elteren an de Kino geet, entdeckt hien seng Léift zum Film. Hien keeft sech doropshin seng éischt Kamera a fänkt un, eege Saachen ze dréinen an ze produzéieren. Säin groussen Dram ass et, Regisseur ze ginn an dee gëtt virun allem vu senger Mam ënnerstëtzt.
The Fabelmans war net just grousse Gewënner bei de Golden Globes, mee gëllt och als ee vun de Favoritte bei den Oscars. De Film begeeschtert esouwuel d’Kritiker, wéi och de Public. Ma eppes musst dir wëssen: Et ass kee typesche Popcornkino an de Film ass mat Amenter ë bëssi lues. Ma de Steven Spielberg weist eis hei wärend 2,5 Stonne firwat eis Filmer a Kino bis haut esou verzauberen. An virun allem d’Michelle Williams iwwerzeegt als Schauspillerin op ganzer Längt. Daucht an an dem Steven Spielberg seng Kandheet a gitt gewuer, wéi hien zu dësem weltbekannte Regisseur ginn ass.
The Fabelmans, eisen Eldoradio Film vun der Woch.