
© MGM
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
De Rocky-Franchise mam Sylvester Stallone ass bis haut absolutte Kult. Net verwonnerlech also, dass och de Spin-Off Creed 2015 an 2018 grousse Succès gefeiert huet. Elo ass dann den drëtten Deel, Creed 3 – Rocky's Legacy an de Kino komm.
Fir den Adonis Johnson leeft et berufflech wéi och privat exzellent. Hien gëtt an dësem Film allerdéngs vu senger Vergaangenheet ageholl. Enges Daags steet nämlech säi fréiere Kolleeg aus der Jugend Damian viru senger Dier. Hien selwer war fréier e grousst Boxing-Talent, ass dunn awer fir Joren an de Prisong komm.
Besonnesch interessant ass, dass de Michael B. Jordan bei dësem Film net just als Produzent matgeschafft huet, mee e feiert och seng Première als Regisseur.
Leider ass de Sylvester Stallone bei dësem Film net méi mat dobäi. Op der enger Säit war hien net domadder averstanen, a wéi eng Richtung d’Story sech entwéckelt huet. Op der anerer Säit ginn et zanter Jore Streidereien tëscht him an de Produzente vun der Rocky-Franchise. Déi si wéi et schéngt elo esouwäit eskaléiert, dass de Schauspiller dem Projet de Réck gedréint huet.
Ma och ouni Sylvester Stallone kritt ee bei Creed 3 genee dat geliwwert, wat een sech erwaart. Boxing-Filmer funktionéieren einfach ëmmer nom selwechte Prinzip. Den Underdog, dee no laangem Training awer zum Schluss gewënnt. Dat heescht awer net, dass Creed 3 schlecht ass. Ganz am Géigendeel, de Film kritt vun de Kritiker esouguer eng 9 vun 10. An dat ass hautdesdaags éischter aussergewéinlech.
Et ass eisen Eldoradio Film vun der Woch.