Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Wien an de Kino geet, well meeschtens ënnerhale ginn. An fir all Genre gëtt et hautdesdaags eng Zauberformel. Fantasy-Filmer wéi Avatar weisen impressionant Welten, Marvel-Filmer bidde Superhelden, Spioun-Filmer wéi James Bond liewe vu coole Spréch a vill Action a Romantik-Komedie wéi Ticket To Paradise si liichte Kascht. Heiansdo ginn et awer och Filmer, déi och ouni dës Aspekter absolutt genial sinn, sou zum Beispill The Whale mam Brendan Fraser.

D’Story vum Film ass séier erzielt. Den Charlie ass en iwwergewiichtegen Englesch-Proff, deen esouwuel kierperlech wéi och mental um Enn ass. Éier et ze fir hien ze spéit ass, decidéiert hien, de Kontakt mat senger Duechter no 8 Joer erëm opzehuelen.

The Whale ass weder Blockbuster, nach Popcornkino. De Film ass schwéiere Kascht, zum Deel net easy unzekucken, provokant a virun allem traureg. Zäitgläich ass en awer och emotional, ergräifend an Häerz-erwiemend. Eben dowéinst gëtt de Film hei zu Lëtzebuerg och just am Utopia gewisen.

D’Schauspiller a virun allem de Brendan Fraser iwwerzeegen op ganzer Längt. An och wann et a leschter Zäit vill gutt Performancë goufen, wann hien dëse Weekend den Oscar fir de beschte Schauspiller net gewënnt, verstinn ech perséinlech d’Welt net méi.

The Whale, eisen Eldoradio Film vun der Woch.