
© DC Entertainment
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Et war e laange Wee bis den DC-Superheld Shazam, wéi mir en elo kennen, et endlech op den Ecran gepackt huet. 1940 huet Fawcett Comics mat der Geschicht vum Billy Batson en richtege Comic-Hit gelant. Säi Superhelden-Numm war Captain Marvel. Richteg héieren, den originale Captain Marvel ass net dee vu Marvel, déi hate sech den Numm just gekroopt nodeems se festgestallt hunn dass den Numm keen ugemellten Trademark hat. Wéi DC sech d’Rechter un der Figur Billy Batson geséchert hat huet also en neien Numm missen hir. Vue, dass den Teenager sech mam Ausruff "Shazam!" an e Superheld verwandelt, gouf Shazam och als Numm vum Film, wéi och Superheld, gewielt.
Den éischte Film koum 2019 eraus als 19. Film aus dem DC Extended Universe. "Shazam! – Fury of the Gods" ass elo d’Fortsetzung vum éischten Deel. Wéi virdru baséiert och hei de Film um 12 Joer alen Teenager Billy Batson, dee sech duerch d’Wuert "Shazam" an en erwuessene Superheld verwandelt.
All Buschtaw am Numm "Shazam" steet fir eng gëttlech Superkraaft a mat dëse mussen de Billy a seng 5 Adoptiv-Geschwëster erausfanne wéi se hiert Teenager Liewe mat hiren erwuessenen Alter-Ego ënnert een Hutt kréien. Gläichzäiteg musse se awer och ëm d’Schicksal vun der ganzer Welt kämpfe well d’Duechtere vum haasserfëllten Titan Atlas op der Äerd opdauchen a fir Chaos suergen.
Ob de Billy a seng Famill (gespillt vum Zachary Levi, Asher Angel, Grace Fulton, Adam Brody a ville weideren) souwuel déi perséinlech Krise wéi déi global gemeeschtert kréien, dat kënnt der iech vun dëser Woch un am Kino ukucken.