Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Wien un de Schauspiller Keanu Reeves denkt, deem komme virun allem zwee Charakteren an de Kapp. Op der enger Säit de Neo (Thomas Anderson) aus der Matrix-Franchise an op der anerer Säit den John Wick aus der Trilogie mam nämmlechten Numm. Et sinn dem Schauspiller seng zwee Parade-Rollen an nodeems Matrix 4 (Resurrections) 2021 bei de Fans éischter duerchgefall ass, hofft een ëmsou méi, dass de véierten Deel vun John Wick hält, wat en versprécht.

Wat d'Story ugeet, kënnt engem bei John Wick 4 iergendwéi alles bekannt vir. An den éischten 3 Filmer war den John Wick op der Sich no Revanche an huet dofir misse mat der ganzer krimineller Ënnerwelt an de Krich zéien. Hien wollt Absolutioun, gouf awer déi eng oder aner Kéier verroden an huet ënnerwee honnerte vu béise Leit ëmbruecht. An éier hien dat alles hannert sech ka loossen, muss hien engem neie Béisewiicht entgéinttrieden, well och de Marquis de Gromont wëll den John Wick, Oh Wunder, ëmbréngen.

Dës Story ass och de Grond firwat engem de neie Film am Ufank ë bëssi lues virkënnt. Virun allem wann ee virum Besuch am Kino déi éischt 3 Deeler nach eng Kéier gekuckt huet, wäert ee bestëmmt déi eng oder aner Kéier gaapsen. Ma dir musst Gedold hunn well de Film virun allem an der zweeter Hallschent op ganzer Längt iwwerzeegt. Da kënnt nämlech gefillt eng Action-Seenen no der anerer an och de véierten Deel iwwerzeegt hei genee wéi seng Virgänger bei der Authenzitéit. Ginn am Joer 2023 vill Action-Seenen um Computer erstallt, ass bei John Wick 4 quasi alles echt. A genee dat mécht dëse Film esou gutt.

Mat 169 Minutten ass de Film relativ laang. Dat huet awer domadder ze dinn, dass een aus dësem Film ufanks zwee Deeler wollt maachen. Bedéngt duerch d'Pandemie an aus Zäitgrënn huet een awer op dëse Plang misse verzichten. Ma keng Angscht, déi bal 3 Stonnne sinn derwäert a fillen sech zu kengem Ament ustrengend un.

Am Resumé kann ee soen, dass John Wick 4 hält wat en versprécht. De Film erreecht op grousse Kritiker-Plattformen 9 vun 10 Punkten a verschidde Stëmmen am Internet behaapten esouguer, John Wick 4 wier de beschten Action-Film, deen zanter laangem an de Kino komm ass. Wien Action-Fan ass an déi dräi Virgänger gutt fonnt huet, dee sollt dëse Film op kee Fall verpassen!

John Wick 4 - Eisen Eloradio Film vun der Woch