
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Dungeons & Dragons ass zanter 1974 dat bekanntsten an erfollegräichste Pen&Paper-Rollespill vun der Welt. Stellt Iech är eege Fantasy-Welt zesummen an gitt mat äre Kolleegen op epesch Aventuren, bekämpft mythesch Wiesen, fannt Schätz a verkierpert selwer-erstallte Charakter. Esou kéint een d’Spill relativ gutt beschreiwen an dëst Joer kënnt et op e Neits an de Kino.
Am Film Dungeons & Dragons: Honor Among Thieves geet et ëm e Grupp vun Déiwen, déi sech op d'Sich no engem verluerene Relikt maachen. Wat si ufanks net wëssen, hire Coup huet Konsequenzen, déi hier ganz Welt Forgotten Realms a Gefor bréngen.
Wéi ech gelies hunn, dass e neien Dungeons & Dragons Film erauskënnt, war ech ufanks éierlech gesot relativ skeptesch. Déi Original-Trilogie aus den 2000er Jore war nämlech eng eenzeg Katastroph.
Ma Honor Among Thieves huet mat dëser Trilogie Näischt ze dinn, ënnert anerem well dëse Film iwwerraschend gutt ginn ass. Seng Mëschung aus Fantasy, Action a Comedy weess ze ënnerhalen an huet mat bëssi méi wéi 2 Stonnen och déi perfekt Längt. Déi ongläich Grupp vun Déiwe kënnt sympathesch eriwwer an och d’Schauspiller Chris Pine, Michelle Rodriguez a Hugh Grant maachen e gudden Job. Fantasy-Fans kënnen sech mat rouegem Gewëssen en Ticket fir dëse Film kafen.
Dungeons & Dragons, Honor Amfong Thieves, eisen Eldoradio Film vun der Woch.