
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
De Super Mario vun der Mark Nintendo ass ouni Zweiwel déi bekanntste Videospillfigur vun der Welt. 1985 ass hie fir déi éischte Kéier opgedaucht a sämtlech Spiller mat him hunn sech bis haut ronn 400 Millioune Mol verkaaft.
Endlech traut sech Nintendo erëm, ee vu senge Marken an de Kino ze bréngen. Firwat et esou laang gedauert huet, ass amfong verständlech, war de éischte Super Mario Bros. Movie aus dem Joer 1993 nämlech esou eppes vun an de Kalzong gaangen. Ma keng Angscht, beim neie Film kënnt definitiv keng Enttäuschung op Iech duer!
Punkto Story geet et ëm déi zwee Klempner-Bridder Mario a Luigi, déi duerch en Underground-Labyrinth an eng aner Dimensioun geschéckt ginn. D’Champignon-Kinnekräich, dat vun der Prinzessin Peach reagéiert gëtt ass a Gefor. De béise Schildkröten-Kinnek Bowser wëll nämlech déi ganz Welt erueweren.

© Universal Pictures
Iwwer dëse Film kéint ech elo eng ganz Dissertatioun schreiwen, ma ech probéiere, fir mech relativ kuerz ze faassen. The Super Mario Bros. Movie ass en ënnerhalsamen Animatiounsfilm, deen optesch fantastesch ausgesäit a virun allem an 3D iwwerzeegt. De Film ass vollgepaakt mat allem, wat déi verschidde Videospiller an de leschte 40 Joren ausgezeechent hunn. Um Programm steet vill Nostalgie an a quasi all Zeen sinn Easter Eggs ze fannen.
Als Fan sollt een awer net ze kritesch sinn, vill Saache kommen nämlech däitlech ze kuerz a sinn heiansdo och net ganz logesch. Kuerz ass bei dësem Film am Allgemengen d’Stéchwuert. 90 Minutte si fir esou e Film nämlech einfach vill ze wéineg. Ech sinn awer optimistesch, dass do vläicht nach deen een oder anere Film aus dem Mario-Universum nokënnt.
Op vill aner Elementer aus dem Film, wéi zum Beispill op déi verschidde Synchronstëmmen, ginn ech an dësem Artikel bewosst net an. Et géif sech nämlech zu engem Groussdeel ëm meng perséinlech Meenung handelen. An déi fält hei zum Deel schlecht, dacks awer och gutt aus, virun allem well mech d'Figur vum Mario scho mäi ganzt Liewe laang begleet. Jidderee soll sech jo bekanntlecherweis seng eege Meenung bilden.
Fazit: Kaaft Iech op alle Fall en Ticket, gären och mat der ganzer Famill!