
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Am Joer 1984 ass de Sportsartikelhiersteller Nike eng etabléiert Mark um Marché. Just am Beräich vum Basket zitt ee géigeniwwer der Konkurrenz bei de wäitem de Kierzeren. Éier een decidéiert, dëse Marché opzeginn, probéiert een nach eng lescht, relativ riskant Iddi. Dovunner erzielt Air, eisen Eldoradio Film vun der Woch.
Erzielt gëtt d’Geschicht vum Sonny Vaccarro, hie schafft bei Nike an ass en absolutte Basketfan. Hien decidéiert, alles op eng Kaart ze setzen an e neie Basketschong op de Marché ze bréngen. Marketing-Technesch bezitt een déi ganz Campagne op een eenzege Spiller. De Problem, en ass zu dësem Ament nach komplett onbekannt an heescht Michael Jordan.
Wéi de Film ausgeet, kann een sech denken. Net just de Schong Air Jordan gëtt et weltwäiten Erfolleg, ma och de Michael Jordan entwéckelt sech zu enger absolutter Sportslegend. De Wee bis dohinner war awer riskant a bei wäitem net einfach. Et gëllt eng Rëtsch Hindernisser ze iwwerwannen a genee déi thematiséiert de Film Air. En erënnert liicht u Blockbuster wéi The Social Network oder och The Wolf of Wallstreet a kënnt esouwuel beim Public wéi och bei de Kritiker ganz gutt ewech. Och d’Schauspiller Ben Affleck, Matt Damon, Viola Davis, Chris Tucker a Jason Bateman wëssen an hire Rollen ze iwwerzeegen.
Fazit : Dir kënnt iech ganz ouni schlecht Gewëssen en Ticket fir dëse Film kafen.