
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Erënnert dir iech nach un d'Filmer Bienvenue Chez les Ch’tis a Rien à Déclarer? Béid Produktiounen hunn 2008 an 2010 gewisen, dass eis belsch a franséisch Noperen och duerchaus verschidde Macken an hirer Kultur, respektiv an hirer Gesellschaft hunn. Zwee Feel-Good Comedy-Filmer, déi einfach just fir ze laache waren an eis gewisen hunn, dass ee verschidde Saachen am Liewen einfach net ze eescht soll huelen. Elo sinn dann den Dany Boon an de Kad Merad erëm zréck am Kino.
La Vie Pour De Vrai erzielt d'Geschicht vum Tridan, dee säi Liewe laang Animateur am Club Med war an deementspriechend och just ganz kuerz Bezéiunge mat senge weibleche Clientë gefouert huet. Mat 50 Joer decidéiert hien awer, dass et elo vläicht un der Zäit wier, dëst Liewen hannert sech ze loossen. Zu Paräis mécht hien sech also op d'Sich no senger alleréischter Jugendléift. De Problem, si hunn sech fir d’lescht als Kand am Alter vun 8 Joer gesinn.
Kuerz a Knapp:
Wann dir Bienvenue Chez les Ch’tis a Rien à Déclarer gutt fonnt hutt, gidd La Vie Pour De Vrai roueg an de Kino kucken. Wann net, sicht Iech léiwer en anere Film aus der Programmatioun eraus.